Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  César Franck (arr. Jules Delsart) - Sonat fir Cello a Piano a La Majeur, IV. Allegretto poco mosso - Steven Isserlis (Cello), Connie Shih (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Thyssenkrupp wëll 11.000 Plazen ofbauen

Däitsch Industrie

Thyssenkrupp wëll 11.000 Plazen ofbauen

De gréissten däitsche Stolbetriib Thyssenkrupp Steel Europe wëll bis 2030 11.000 Plazen ofbauen. 5.000 Plaze solle ganz ofgeschaaft ginn, 6.000 sollen externaliséiert ginn, heescht et an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

© Tobias Arhelger / Adobe Stock
Foto: Tobias Arhelger / Adobe Stock

D‘Personalkäschte sollen doriwwer eraus an den nächste Joren ëm 10 Prozent reduzéiert ginn, esou nach Thyssenkrupp Steel. Hannergrond wier eng méi grouss Konkurrenz aus China an ze héich Käschten.

D‘Indsutriegewerkschwaft IG Metall ass entsat an huet d‘Pläng vum Stolbetriib als "Kahlschlag" fir d‘Salariéeën an als "Katastroph“ fir den Industriestanduert Nordrhein-Westfale bezeechent.