EU-Kanada

Tobias Cremer (SPD): EU-Kanada-Zesummenaarbecht soll ausgebaut ginn

Den däitschen EU-Deputéierten Tobias Cremer vun der SPD fuerdert, datt déi méi enk Partnerschaft tëschent der EU a Kanada elo konkretiséiert gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

Den däitschen Europadeputéierten Tobias Cremer (SPD) | © European Parliament play_arrow
Den däitschen Europadeputéierten Tobias Cremer (SPD) (Foto: European Parliament)

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen (CDU) hat d’lescht Woch proposéiert, Kanada kéint den éischten associéierte Memberstaat vun der EU ginn. Esou e rechtlech definéierte Status gëtt et bis elo awer nach net.

Konkret Schrëtt bis Enn Oktober?

D’Europäesch Unioun a Kanada sollen hir méi enk Partnerschaft elo séier konkretiséieren, fuerdert den däitschen SPD-Europadeputéierten Tobias Cremer am 100,7-Interview. Hien hofft, datt et bis Enn Oktober beim nächsten EU-Kanada-Sommet konkret Propose ginn, wéi déi Zesummenaarbecht an Zukunft kéint ausgesinn.

Den Tobias Cremer huet als Rapporteur vum Europaparlament e Bericht iwwer eng verstäerkte Kooperatioun tëschent der Europäescher Unioun a Kanada ausgeschafft. Dëse gouf am Mäerz vum Parlament ugeholl.

Iwwer Handel a Verdeedegung eraus

Fir den däitschen EU-Deputéierte soll déi nei Partnerschaft dobäi däitlech méi wäit goe wéi déi aktuell Zesummenaarbecht bei Handel oder Verteidegung an och Beräicher wéi Energie, Digitaliséierung a Kënschtlech Intelligenz ëmfaassen.

“Was bedeuten assoziierte Mitgliedschaften? Das bedeutet, wie nah können wir eine Allianz an die Europäische Union bringen für ein Land, das selber nicht europäisch ist. (…) Wir wollen eine holistische Allianz, also nicht nur ein Trade Agreement, nicht nur ein Handelsabkommen, nicht nur Verteidigung, sondern dann wirklich etwas, was das grösser spannt.“

Eng enk Zesummenaarbecht tëschent der EU a Kanada gëtt et schonn, ënner anerem duerch de Fräihandelsaccord CETA an am Beräich Sécherheet a Verteidegung.

Lauschterenplay_arrow