Nodeems et gëschter ëm steierlech Entlaaschtunge fir d’Betriber a fir d’Leit goung, soll et haut ëm de Logement an ëm de Mindestloun goen, esou wéi d’Gewerkschaftsunioun OGBL/LCGB dat gefuerdert hat.
Gespréicher solle konstruktiv a respektvoll gewiescht ze sinn
Et wier een nach laang net um Enn vun de Verhandlungen ukomm, mee deen éischten Dag wier ee gudden Ufank gewiescht, esou d’Vertrieder:inne vun der Gewerkschaftsunioun. Den LCGB-President Patrick Dury huet vu respektvolle Gespréicher geschwat.
"Mir hunn u sech de Mëtteg geschwat, wéi mir déi lescht zweeanenhalleft Joer net méi matenee geschwat hunn. Ech wëll dat hei ënnersträichen an och begréissen. An natierlech an deem Sënn wëlle mir virumaache mam Zil e Resultat ze kréien, wat natierlech dann déi dräi Partner vun der Tripartite d'selwecht zefriddestellt."
Och d‘Patronat huet vu konstruktive Gespréicher geschwat - Et géif jiddereen an déi selwecht Richtung schaffen. Mee elo misst ee séier virukommen, esou den UEL-President Michel Reckinger.
"Dofir hu mir och gesot, datt mir haut muer an eventuell an nei iwwermuer, datt mir wierklech och een Deelaccord solle kucken, datt mir dee kréien, fir datt mir genee dat, wou et am Fong, wat jiddereen dobausse spiert, déi Inflatioun, déi déi Energiepräishausse huet, datt mir déi an de Grëff kréien."
Premier wëllt Mesuren treffen ouni de Budget aus den Aen ze verléieren
D’CSV-DP-Regierung hätt éischt Propose fir steierlech Entlaaschtunge presentéiert, esou de Luc Frieden - ouni dës awer virun der Press presentéieren ze wëllen. D’Regierung hätt sech bis elo och nach kee fixe Budget gesat, wat d’Finanzéierung vun all deene Mesuren ugeet. An éischter Linn misst een awer d’Staatsfinanzen am Bléck halen, esou nach den CSV-Premier.
"Selbstverständlech wäerten all déi Mesuren hei de Staat an domadder d'Steierzueler och eppes kaschten. Mee et ass dann eng Fro, wéi een dat opdeelt. Wéi gesot, mir hu keng fix Enveloppe, mee mir kennen natierlech de Käschtepunkt vun all deene Moossnamen, déi mir proposéieren oder déi mir herno wäerte gemeinsam decidéieren, wann et dann zu engem gemeinsamen Accord kënnt."
Haut de Mëtteg ginn d’Verhandlungen da virun - mam Fokus op d’Propose vun de Sozialpartner.
Fir d’nächst Woch goufe ganzer 3 Deeg provisoresch fir weider Gespréicher festgehalen.