Tripartite

2. Dag vun de Verhandlungen: Logementskris ass fir de Premier ee Sujet fir Tripartite

Am Schlass zu Senneng sinn haut nees d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschafte zesumme fir ënner anerem iwwer de Mindestloun an de Logement diskutéieren. Béides sinn Themen déi d’Gewerkschaften matbruecht hunn. D'Patronat sot sech iwwerrascht iwwer den Ordre du Jour vun der Dräierronn.

auto_stories

4 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

D’OGBL-Presidentin Nora Back sot sech deemno ganz zefridden, datt d’Sujeten an der Tripartite op den Dësch kommen. A puncto Mindestloun fuerdert d’Gewerkschaftsunioun vun LCGB an OGBL weider eng Erhéijung vun 300 Euro. Eng Demande, déi awer net a Stee gemeesselt wier, esou d’Nora Back.

"Wann een net bereet wier Kompromësser ze maachen, da bräicht en ëmmer guer net heihinner ze kommen. Natierlech gi mir era mat eiser Positioun. An déi ass jo an eisen Ae berechtegt."

Um Enn misst de ganze Package awer stëmmen, fir datt d’Gewerkschaften dem kéinten zoustëmmen.

Kris am Logement fir de Premier Sujet vun der Tripartite

Och beim Logement bréngt d’Gewerkschaftsunioun konkret Propose mat. Ënner anerem wéilt een eppes géint d’Spekulatioun maachen a kucke wéi ee méi ëffentleche Wunnraum ka schafen. Verschidde Mesuren wiere kuerzfristeg ëmsetzbar an anerer wiere mëttel- oder laangfristeg denkbar, esou d’Nora Back.

"An do muss een haut kucke wat kann een haut schwätzen a wat kann een iergendwou an engem Agenda, an engem Timing definéiert uschwätzen."

Den CSV-Premierminister Luc Frieden huet dogéint gesot, datt net all d’Aspekter vum Logement kënnen diskutéiert ginn. Dat géif de Kader vun der Tripartite sprengen, an awer wier d’Kris am Logement e wichtege Sujet. 

"Mir fannen, datt et wichteg ass, datt een de Gewerkschaften op deene Punkten nolauschtert an datt mer dat dann diskutéieren. Also déi Punkten, déi si opgeworf hunn, déi och eng Suerg vun der Regierung ass, nämlech fir méi abordable Wunnengsraum ze bauen."

Datt souwuel de Mindestloun wéi och de Logement um Ordre du Jour stinn huet de President vum Patronatsverband UEL, Michel Reckinger, iwwerrascht. Bei senger Arrivée zu Senneng sot hien, datt d’Regierung beim Mindestloun schonn eng Décisioun geholl hätt, déi fir hien net a Fro gestallt wier.

Michel Reckinger | © Pit Beffort
Michel Reckinger (Foto: Pit Beffort)

Méiglechkeet vum Desaccord kënnt fir d'Gewerkschaften net a Fro

Am Mäerz hat d’Regierung annoncéiert, datt et nieft dem Ajustement an der Indexéierung keng weider Hausse vum Mindestloun wäert ginn. An och de Logement wier fir d’Patronat kee Sujet, deen op der Tripartite misst diskutéiert ginn, fënnt de Michel Reckinger.

"Do hu mir näischt an eisen Dokumenter, déi mer zougestallt hunn, drastoen. Well et fir eis keen Tripartite-Theema ass. Also och do kucke mer mol, wat do kënnt. An dat ka jo just gutt ginn, gell? Well mer jo alleguerten d'Logement brauchen. Mee ech weess och net, wat do kënnt."

Den UEL-President Michel Reckinger, huet dogéint insistéiert, datt ee weider keng Zäit dierft verléieren. An deem Kader hat hien no de Verhandlunge gëschter och d’Méiglechkeet schonn en vun engem Deelaccord op konsensuelle Punkten am Energieberäich an de Raum gestallt.

Fir d’OGBL-Presdientin Nora Back kënnt dat allerdéngs net a Fro.

"Nee, dat ass fir eis net méiglech. Nee, also dat hei ass schonn eng Tripartite, gell? Dat ass schonn e wichtege Moment."

Et hätt ee laang op dee Moment gewaard, esou d'Nora Back. 

"Dat ass eppes, wou mer eiser Verantwortung och bewosst sinn. Mir ginn dovunner aus, dat hei muss e globalen Accord ginn, wou d'Punkten alleguerten dran ëmrass sinn a wou jidderee sech iergendwou kann dran erëmfannen."

Wéi genee et géif weidergoen wier net ofzegesinn, ma d’Zil misst e globalen Accord sinn, betount d’Nora Back.

Souwuel d’Gewerkschaften, wéi och d’Patronat an d’Regierung hunn de Mëtteg och betount, d’Diskussioune sou séier wéi méiglech weider féieren ze wëllen.

Am Nomëtteg koum d'Confirmatioun, datt sech d'Sozialpartner och muer an der Dräierronn wäerte gesinn.