Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir zwee Cembaloen an Do Mineur, BWV 1062, III. Allegro assai - Francesco Corti (Cembalo), Andrea Buccarella (Cembalo), il pomo d'oro

play_arrow Live
opus

/ Carole Hartmann ass nei DP-Presidentin an ënnersträicht d'Wichtegkeet vum Sozialdialog

Nationalkongress

Carole Hartmann ass nei DP-Presidentin an ënnersträicht d'Wichtegkeet vum Sozialdialog

D'DP huet um Nationalkongress d’Carole Hartmann mat 95 Prozent vun de Stëmmen zur neier Parteipresidentin gewielt. Si war bis elo Generalsekretärin a gëtt op deem Poste vum Minister Eric Thill ersat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Nei Gesiichter op de Féierungspositiounen an der DP. | © Carole Schimmer. play_arrow
Nei Gesiichter op de Féierungspositiounen an der DP. (Foto: Carole Schimmer.)

Vizepresidentinne sinn d'Ministerin Yuriko Backes, d'Deputéiert Corinne Cahen an d'Amela Skenderovic. Fir all déi Poste gouf et just eng eenzeg Kandidatur.

Den DP-Kongress stoung ënner dem Motto: "Well et ëm muer geet". An hirer Ried huet d'Carole Hartmann sech fir den Erhalt vun der Demokratie engagéiert, eng Demokratie, déi haut a Gefor wier.

Fir si ginn et eng Rei Prioritéiten. Un éischter Plaz steet de gesellschaftlechen Zesummenhalt. Si huet fir de Sozialmodell plädéiert an och fir de Sozialdialog.

"Och elo ginn et grouss Defien. Mir mussen iwwer d'Kollektivverträg vun de Gewerkschafte schwätzen, iwwer d'Aarbechtszäiten, iwwer d'Sonndesaarbecht. Well d'Situatioun tëschent de Sozialpartner ugespaant ass, huet de Premierminister e Sozialdësch aberuff, fir dem Dialog eng Chance ze ginn an d'Leit nees un den Dësch ze kréien. Dëse Sozialdialog, deen ass elo immens wichteg."

Fir méi eng sozial Gerechtegkeet wéilt si weider fir de Projet vun der individualiséierter Besteierung handelen.

Weider un Zwee-Staate-Léisung schaffen

Den DP-Ausseminister Xavier Bettel huet sech zur Fro vun der Unerkennung vun engem Palästinenserstaat net positionéiert. Hien huet awer op d'Reunioun am Juni a Saudi-Arabie verwisen, déi op Initiativ vum franséische President proposéiert gouf.

"Wou de But ass dann och, datt déi Länner, déi nach Israel net unerkannt hunn, och muslimesch Länner Israel unerkennen, op där anerer Säit och eng Rëtsch vu Länner Palästina unerkennen. An Israel muss verstoen, datt d'Sécherheet vun Israel just deen Dag ka kommen, wou et och Fridden a Palästina gëtt an e Recht fir déi Leit och kënnen normal ze liewen."

Souwuel déi nei DP-Presidentin Carole Hartmann grad wéi den DP-Europadeputéierte Charel Goerens hu sech an hire Rieden iwwerdeems Suergen iwwer Attacken op d'Demokratie gemaach. Déi rietsextreem Tendenze géifen iwwerall un Terrain gewannen - an dat och an Europa.

Lauschterenplay_arrow