Dëst huet de Premierminister Peter Magyar matgedeelt. D'Atomzentral Paks läit ronn 100 Kilometer südlech vu Budapest a bezitt hiert Killwaasser aus der Donau. Mee wéinst der aktueller Dréchent ass de Waasserstand plazeweis just en Drëttel sou héich wéi et am Juli duerchschnëttlech de Fall ass.
D'Industrie an och d'Bevëlkerung sinn dozou opgeruff, hire Stroumverbrauch ze reduzéieren. De Peter Magyar hat ugekënnegt, datt et riskéiert zu Engpäss bei der Versuergung ze kommen.
D'Atomkraaftwierk Paks gouf viru 44 Joer a Betrib geholl an ass dat eenzegt Atomkraaftwierk an Ungarn. D'Atomzentral liwwert 40% vun der nationaler Stroumproduktioun.
D’Peegele kéinten nach erofgeoen, an de nächsten Deeg ginn an Ungarn bis zu 42 Grad virausgesot.
Schon e Freideg haten Ungarn an och Rumänien decidéiert, verschidde Reaktere vum Netz ze huelen.