National

Vandalismus: Iwwer 60 Griewer um Beetebuerger Kierfecht goufe beschiedegt

De Kierfecht vu Beetebuerg gouf Affer vu Vandalismus. Wéi d‘Gemeng matdeelt wieren iwwer 60 Griewer an der Nuecht vu Méindeg op Dënschdeg beschiedegt ginn. D‘Gemeng huet eng Plainte bei der Police gemaach, déi huet eng Enquête opgemaach fir déi Responsabel ze fannen.

auto_stories

1 min

De Beetebuerger Kierfecht | © Commune de Bettembourg
De Beetebuerger Kierfecht (Foto: Commune de Bettembourg)

Enner anerem wieren eng 50 Kräizer a Graf-Figuren aus Bronze, Koffer a Messeng geklaut ginn. Och eng Anlag mat Urne gouf mat enger Marberplack vun engem anere Graf beschiedegt. An der Morgue gouf och eng Këscht mat Schlësselen opgebrach an d‘Schlëssele goufe matgeholl.

Eventuell Zeie solle sech bei der Police mellen, esou de Communiqué vun der Gemeng Beetebuerg. D‘Gemeng géif den Ament en Inventaire vum Schued maachen an de Betraffenen da Bescheed soen.  D‘Enquête vun der Police leeft nach.