Cyclissem

Verluere Goldmedail: Lëtzebuerger Federatioun leet Protest géint d'Jury-Decisioun an

Am Cyclissem huet d’Lëtzebuerger Federatioun offiziell bei der europäescher Cyclisten-Unioun UEC Protest ageluecht géint d’Decisioun vun der Jury, op de Cyclocross-Europameeschterschaften virgëschter, fir d’Marie Schreiber ze deklasséieren.

auto_stories

3 min

© EPA/SEM VAN DER WAL
(Foto: EPA/SEM VAN DER WAL)

D’FSCL freet am Protest, fir d’Resultat esou ze wäerten, wéi d’Cyclistinnen zu Zeddam an Holland iwwer d’Arrivée gefuer sinn: D’Lëtzebuergerin virun der Hollännerin Lucinda Brand.

De President vun der Lëtzebuerger Cyclissem-Federatioun Camille Dahm huet am 100,7-Interview awer wéineg Chancen, datt d'Resultat geännert gëtt, an Aussiicht gestallt. Hien hätt intensiv Diskussioune mat der Spëtzt gefouert. 

"Hie bleift ganz kloer bei senger Decisioun. Hei steet hanner de Kommissären. Selwer seet en: Ech hätt eng aner Decisioun geholl. Dat seet jo och villes aus."

Grand-Duc mat Felicitatiounen

Wéinst engem Manöver am Sprint hat d’Marie Schreiber den Titel jo eng hallef Stonn nom Enn vun der Course oferkannt kritt. An Interview no der Course sot d'Marie Schreiber, si hätt am Sprint näischt falsch gemaach a si géif d'Decisioun vum Jury och "respektlos an onfair" fannen. A ville Reaktioune vun nationaler, mee och internationaler Säit gëtt hir de Réck gestäipt. Si war hir Medail doropshin net op de Podium siche gaangen.

Iwwerdeems huet de Grand-Duc Guillaume der Marie Schreiber haut fir hiren Exploit felicitéiert.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Camille Dahm