Direkt e puer Spiller aus dem Lëtzebuerger Championnat droen och den Trikot vun der madagassescher Nationalekipp.
Dorënner de Roman Ferber vum FC Atert Biissen an de Clément Couturier vun der US Munneref. De Roman Ferber ass an der Belsch gebuer, de Clément Couturier a Frankräich. Béid hu mëttlerweil och déi madagassesch Nationalitéit a goufen eréischt mat iwwer 30 Joer fir d'éischt fir d'Nationalekipp nominéiert.
Elo hoffen si, sech mat Madagaskar fir den Afrika-Cup 2027 ze qualifizéieren.
An der Lännermatchpaus am November stinn zwee wichteg Matcher géint Guinea-Bissau um Programm.
Keng madagassesch Virfaren
Um Fussballterrain zu Biissen ass den Training voll amgaang. Matzen dran de Roman Ferber, deen an der Belsch gebuer an opgewuess ass.
Lescht Saison gouf de Stiermer mat sengem Veräin Lëtzebuerger Champion. An am September koum fir den 33 Järegen eng ganz onerwaart Noriicht: Seng éischt Nominéierung fir d'Nationalekipp vu Madagaskar. Eng Méiglechkeet, mat där hie selwer ni gerechent hat.
"Non, bien sûr que non. Je ne m'étais jamais imaginé ça. Quand c’était devenu potentiellement possible. J’y croyais pas non plus. Même à 33 ans, tout est possible et c'est beau."
De Roman Ferber huet keng madagassesch Virfaren. Seng Fra, mat där hien zënter Januar bestuet ass, huet awer madagassesch Originnen. Iwwer dës familiär Verbindung huet hien och déi madagassesch Nationalitéit kritt.
Seng staark Leeschtungen zu Biissen hätten du schlussendlech den Ausschlag fir seng Nominéierung ginn, mengt de Stiermer.
Op eng Kéier nees alles nei
An esou stoung de Roman Ferber am September op eemol an enger Kabinn mat Spiller, déi hie gréisstendeels net kannt huet. Op engem Kontinent, op deem hie bis dohinner nach ni war. Trotz senger laanger Karriär war op eemol villes fir hien nees komplett nei.
"C'est comme un gamin de 20 ans qui rentre dans un vestiaire de foot pour la première fois, qui se demande un peu où il est. C’était un peu le même, parce que c'était sur un continent où j'avais jamais été, avec des partenaires que je ne connaissais pas."
Géint Nigeria koum hien dunn zu sengem éischte Lännermatch. E ganz aneren Niveau wéi hei zu Lëtzebuerg, wéi de Biisser Goalgetter erkläert.
"C'est l'intensité, l'intensité des duels, l'intensité des matchs. [...] Quand on joue contre des joueurs qui valent plusieurs dizaines de millions, on sent que ce n'est pas ce qu'on voit tous les jours."
Och zu Munneref spillt e Madagass
Eng änlech Erfarung huet och de Clément Couturier gemaach. De Mëttelfeldspiller vun der US Munneref ass a Frankräich gebuer an opgewuess. Iwwer säi Grousspapp huet hien awer och madagassesch Wuerzelen.
2023 krut hien déi madagassesch Nationalitéit a spillt zënterhier fir d'Nationalekipp. Doduerch huet hien d'Land a seng Wuerzele besser kennegeléiert. Och sportlech ass den Ënnerscheed grouss: Méi laang Reesen, méi grouss Stadionen, an eng ganz aner Atmosphär.
"En BGL, il n'y a pas de grands stades, il n'y a pas beaucoup de monde au match, donc c'est un petit peu différent. Qu'il y ait cinquante mille personnes ou cinquante personnes, j'essaye d'avoir toujours le même football. Alors, c'est sûr que les souvenirs, c'est plus facile d'en avoir quand il y a des grands stades et même les adversaires de grande qualité."
D'Qualifikatioun fir d'CAN schéngt wäit fort
Bei der Qualifikatioun fir d'Afrikameeschterschaft steet Madagaskar elo ënner Drock. No zwee Matcher huet d'Ekipp eréischt ee Punkt.
Nach am November geet et zweemol géint de Gruppeleader Guinea-Bissau. Fir de Clément Couturier ass d'Zil kloer: Nach virum Enn vu senger Karriär mat Madagaskar un enger grousser internationaler Kompetitioun deelhuelen.
"Moi, j'ai 33 ans, mais j'ai encore faim. Et j'aimerais vraiment participer à une compétition internationale avec Madagascar. Ça serait vraiment le Graal."
De Roman Ferber an de Clément Couturier goufen och fir déi zwee Lännermatcher am November géint Guinea-Bissau nominéiert. Fir déi zwee Spiller aus der BGL Ligue geet domat eng aussergewéinlech international Karriär weider, mat där si virun e puer Joer kaum nach gerechent haten.
Weider Spiller aus der Nationaldivisioun nominéiert
Nieft dem Roman Ferber an dem Clément Couturier goufen och déi zwee Golkipper Geordan Dupire vum FC Atert Biissen a Sonny Laiton vum Racing Lëtzebuerg fir déi kommend Lännermatcher vu Madagaskar nominéiert.
Domat stinn och fir déi zwee Qualifikatiounsmatcher géint Guinea-Bissau nees véier Spiller aus der Lëtzebuerger Nationaldivisioun am Kader vun der madagassescher Nationalekipp.