Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Virtuelle Vott bei den US-Demokraten

USA

Virtuelle Vott bei den US-Demokraten

Bei den Demokraten an den USA ass dee virtuelle Vott amgaange fir d'Vize-Presidentin Kamala Harris offiziell als demokratesch Kandidatin fir d‘Presidentschaftswalen am November ze nominéieren.

auto_stories

1 min

Kamala Harris | © picture alliance
Foto: Archiv

Bis e Méindeg nach wäerten déi knapp 4.700 demokratesch Delegéiert ofstëmmen. Et gëtt keng Géigekandidatur, an et gëllt dofir als sécher, datt d'Kamala Harris genuch Stëmme wäert kréien an nominéiert wäert gi fir de 5. November bei de Presidentschaftswale géint den Donald Trump unzetrieden.