International

Visite de courtoisie vum Grand-Duc zu London: Kënschtlech Intelligenz um Programm

D’Héiflechkeetsvisitt vum Grand-Duc Guillaume zu London ass am Nomëtteg eriwwer gaange mat engem Besuch am House of Commons, der zweeter Kummer vum brittesche Parlament. Den Dag soss war vun engem Passage am Imperial College markéiert, de Grand-Duc huet sech des renomméiert Londoner Uni ugekuckt.

auto_stories

1 min

© Sophie Morang
(Foto: Sophie Morang)

Déi renomméiert Uni ass an Naturwëssenschaften, Technik an Ingenieurswiese spezialiséiert.

Eventuell neie Masterprogramm

De Finanzminister Gilles Roth (CSV) huet an deem Kontext en Accord mam Imperiale Colleg ënnerschriwwen. Deem Accord no solle Spezialiste vun der Londoner Uni der Lëtzebuerger Finanz- an Assurancewelt Course ginn iwwer d'Evolutioun vun der Kënschtlecher Intelligenz. 

Zil dovu wier et, d'Leit zu Lëtzebuerg a punkto Kënschtlech Intelligenz weiderzebilden, esou d'Erklärung vum Gilles Roth. 

De Lëtzebuerger Staat wäert dofir ronn 2 Milliounen Euro bezuelen.

Donieft gouf och ee Masterprogramm a Kënschtlecher Intelligenz esouwuel op der uni.lu wéi och op der Londonder Uni an d'Liewe geruff.  

© Sophie Morang
(Foto: Sophie Morang)