Fairtrade

Fairtrade Lëtzebuerg: Hanner bëllege Bananne stieche schwiereg Aarbechtsbedingungen

Op enger Pressekonferenz hu Fairtrade Lëtzebuerg, Fondation Partage Luxembourg an Initiative Devoir de Vigilance e Moien d’Banannen an de Fokus geréckelt. Hanner den niddrege Präisser vun de Friichte géife sech dacks schwiereg Aarbechtsbedingunge verstoppen, esou d’Vertrieder:inne vun den ONGen.

auto_stories

1 min

© Moris Gazaro
(Foto: Moris Gazaro)

Si beruffen sech op eng Enquête, déi d’Schwäizer ONG “Public Eye” am Guatemala gemaach huet. Dat op Plantagë vum Bananne-Produzenten “Chiquita”.

An der Enquête ass erauskomm, datt d’Aarbechter:inne wuel manner wéi de gesetzleche Mindestloun verdéngen a geféierleche Pestiziden ausgesat wieren, erkläert de Robert Bachmann vu Public Eye ONG. 

"Wir haben da tatsächlich Situationen gefunden, wo die Leute eben ihren gesetzlich verankerten Mindestlohn nicht erhalten haben, und das widerspricht natürlich nicht nur dem guatemaltekischen Gesetz, aber auch dem ganzen Übereinkommen der internationalen Arbeitsorganisation und allen anderen Standards, die es in diesem Bereich gibt."

Multinational Konzerner hätte Responsabilitéit

D'ONGe fuerderen dofir méi Verantwortung vun de Betriber an der Liwwerkette vun de Banannen, fair Akafspräisser an Aarbechtsbedingungen op de Plantagen, erkläert de Jean-Louis Zeien vun der Initiativ Devoir de Vigilance.

“Déi do Saach weist däitlech, datt mir mussen ophalen op dëser Säit vum grousse Pull wéi op där anerer Säit d'Mënscherechter géint d'Kompetitivitéit auszespillen. Besonnesch da wann et ëm multinational Konzerner geet, déi Millioune Profitter maachen. Dofir: huet den Handel, d’Grande Distributioun, och eng Responsabilitéit wa se akafe bei Konzerner."

De Konsument hätt awer och seng Responsabilitéit, esou de Jean-Louis Zeien.