Gewerkschaft

Vu Membere gewielt: Claude Reuter mat 1.702 Stëmmen als FGFC-President confirméiert

Et ass déi éischte Kéier, datt d'Membere vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC den Direktiounscomité direkt gewielt hunn. Dat deelt d'FGFC op hirem Site mat.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Am Ganze waren 4.576 Memberen dozou opgeruff, déi nei Direktioun ze wielen. 1.785 hunn hir Stëmm och tatsächlech ofginn, deemno gouf et eng Walbedeelegung vu bal 40 Prozent. D'FGFC weist sech op hirem Site zefridden domat. 

Confirmatioun fir den aktuelle President

Den neien Direktiounscomité besteet aus 27 Leit. Am Ganzen hate 36 Leit sech der Wal gestallt. 

Den aktuelle President Claude Reuter gouf mat iwwer 1.700 Stëmmen a senger Funktioun confiméiert. Hanner him koum d'Sandy Hansen, mat 1.500 Stëmmen an de Guy Breden mat ronn 1.300 Stëmmen. 

Den 23. Oktober sollen déi 27 frësch Gewielten zesummekommen fir déi nei siwe Membere vum Bureau éxecutif fir déi nächst fënnef Joer ze bestëmmen.