Zil vun de Mesuren ass et d’Konsequenze vum Krich am Noen Osten ofzefiederen. D’Inflatioun soll doduerch gebremst an d’Kafkraaft gestäerkt ginn. D'Regierung hat Ufank Juni och erkläert, et wéilt ee mat dëse Mesuren d’Energietransitioun virundreiwen.
Subventioune beim Stroum: Véier Cent pro Kilowattstonn
Beim Stroum subventionéiert de Staat vun elo un nach eng Kéier véier Cent pro Kilowattstonn méi. Dat gëllt fir all Stot, dee manner wéi 25.000 Kilowattstonnen d’Joer consomméiert. Den Duerchschnëttsverbrauch vun engem Stot zu Lëtzebuerg läit bei 4.000 Kilowattstonnen d’Joer.
Well de Staat fir d’Joren 2026 bis 2028 och d’Reseauskäschte vum Elektresch iwwerhëlt, gëtt et bis Enn vum Joer eng Hëllef vun alles an allem 11,3 Cent pro Kilowattstonn Stroum.
Beim Heizungsmasutt iwwerhëlt de Staat 15 Cent de Liter. Beim Gas kréien d‘Stéit eng finanziell Kompensatioun vu 15 Cent de Meterkibb. Dat gëllt fir all d‘Stéit, déi maximal 65 Meterkibb d‘Stonn verbrauchen.
Subventioune fir Diesel a Bensinn gëlle schonn zënter Ufank Juli
Virun engem Mount ware schonn d’Subventioune fir Bensinn an Diesel a Kraaft getrueden. D’Hëllefen, déi op der Tripartite decidéiert goufen, lafen op den 31. Dezember dëst Joer aus.