An de Sondagen hat déi aktuell SPD-Ministerpresidentin Manuela Schwesig déi lescht Woche ferm opgeholl. Fir d'Wal ze gewannen, schéngt et awer elo net ganz duer gaangen ze sinn. No Sachsen-Anhalt kéint d'AfD also och an engem weidere Bundesland d'Wal gewannen.
Déi aner Parteie mussen zidderen
D'ARD-Prognos gesäit déi Lénk bei 7,5 Prozent. D'CDU, déi gréng an d'BSW beweege sech all ëm déi fënnef Prozent. Fir d'Chrëschtdemokrate kënnegt sech dat schlechtst Walresultat u wat et jee gouf. Bekanntlech flitt een ënner fënnef Prozent an Däitschland ganz aus dem Landtag.
Lénk gewannen zu Berlin
Der ARD-Prognos no hunn déi Lénk d'Abgeordnetenhauswal zu Berlin gewonnen. Si kéimen op 24,5 Prozent. D'CDU huet - där Prognos no - méi wéi 8 Prozent vun de Stëmme par rapport zur leschter Kéier verluer. Si kéimen nach op 20 Prozent. D'SPD géif och verléieren an déi gréng och.
D'AfD kann och zu Berlin e Plus verzeechnen a kéim op 16 Prozent vun de Stëmmen.