Däitschland

Zu Berlin a Mecklenburg-Vorpommern gëtt haut gewielt

Zu Berlin an am ostdäitsche Bundesland Mecklenburg-Vorpommern hunn d’Wallokaler de Moien um 8 hir Dieren opgemaach: Gewielt ginn d’Vertrieder am Berliner Abgeordnetenhaus an am Landtag vu Mecklenburg-Vorpommern. Véier Millioune Leit sinn op béide Plazen opgeruff, fir wielen ze goen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Kirchner-Media | James Zabel
(Foto: picture alliance / Kirchner-Media | James Zabel)

Zu Berlin dierft et eng enk Course tëschent die Linke an der CDU ginn, an a Mecklenburg-Vorpommern schéngen d’SPD an d’AfD ëm déi éischt Plaz an der Wielergonscht ze streiden.

Deemno wéi d’Walen ausginn, kéint et nees eng Debatt iwwer déi politesch Zukunft vum CDU-Bundeskanzler Friedrich Merz ginn.