“D’Architekte vun de Gräueltaten” ass den Titel vun engem Bericht, deen Amnesty International déi lescht Woch publizéiert huet.
Joerzéngtelaang ënnerdréckt
No jorelaange Recherchen, bei deenen 270 Leit interviewt, eng 2000 Videoen an och offiziell Dokumenter vum iranesche Staatsapparat analyséiert goufen, gëtt iwwert 1.000 Säiten déi brutal Repressioun nom Opstand vum 2022 dokumentéiert.
Manifestatiounen, déi ënner dem Slogan “Fra, Liewen, Fräiheet” bekannt goufen an ugefaangen haten nodeems eng jonk kurdesch Fra wéinst hirem Kappduch festgeholl gouf an no schwéiere Mësshandlung gestuerwe war.
Et war gewosst, datt et duerno zu groussen Demonstratiounen am ganze Land koum géint den totalitäre Regimm vun de Mollah, deen de Leit hire Wonsch no Selbstbestëmmung a Fräiheet zënter Joerzéngten ënnerdréckt. Och datt et ganz séier zu massiver Gewalt géint Manifestante koum, ass net nei.
Eng héich Donkelziffer
Nei ass awer den Ausmooss vun de Verbriechen, d’Nimm vun den Affer an déi genau Ëmstänn ënner deene si hiert Liewe verluer hunn. Den Doud vun 377 Mënschen, dorënner 56 Mannerjäreger, konnt dokumentéiert ginn.
Gestuerwen entweder bei Demonstratiounen op der Strooss oder no hirer Verhaftung duerch Folter an de Prisonge vum Regimm. Woubäi d’Donkelziffer vill méi héich wäert sinn.
Et ass net nëmmen d’Ausmooss vun de Verbriechen, wat e bis an den Detail noliese kann, mee och den direkten Zesummenhang tëschent dëse Grausamkeeten an den Uerder vun héichrangege politesch Responsaable vun de Sécherheetsorganer.
Op Den Haag ass kee Verlooss
Et war e systematesch geplangten a vun nationale wéi regionalen Autoritéiten ordonéierte Gewaltexzess géint déi eege Bevëlkerung. Un Hand vun den analyséierten Dokumenter konnten d’Nimm an d’Positioun vun deene Leit identifizéiert ginn, déi net nëmmen d’Uerder ginn hunn, mee och d’Moyenen zur Verfügung gestallt hu fir dës Verbriechen ze erméiglechen.
Sie wäerten an noer Zukunft am Iran kengem Riichter Rechenschaft iwwer hir Aktiounen ofleeën an hir Affer an deenen hir Famillen hu keng Aussicht op Gerechtegkeet duerch déi iranesch Justiz.
Och op den internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag kënne si kaum zielen. Esou schwaach wéi dësen am Moment ass, duerch d’Attacke vun den dräi Räicher vun eiser Zäit, China Russland an den USA.
Kee politesche Courage zu Lëtzebuerg
Et bleift nach eng Chance, an zwar déi national Geriichter vun anere Länner op Grond vun enger universeller Kompetenz fir Krichsverbriechen oder Verbrieche géint d’Mënschlechkeet. Länner wéi Däitschland a Frankräich erlaben hirer Justiz Ermëttlungen opzehuelen, och wa weder Affer nach Täter hir Staatsbierger sinn oder zum Zäitpunkt vun der Dot hire Wunnsëtz do haten.
Zu Lëtzebuerg si mir nach net esou wäit. En éischten a bis elo eenzege Versuch vun enger Plainte op Grond vun der universeller Kompetenz war 1999 ofgewise ginn, wéi sechs Affer vum chileeneschen Diktator Pinochet géint dëse virun der Lëtzebuerger Justiz wollte virgoen.
Och haut hätten iranesch Refugiéeë schlecht Kaarten, wa si bei der Lëtzebuerger Justiz géifen eng Plainte maache géint hir Tortionnairen. Well si zum Zäitpunkt vun de Verbriechen hire Wunnsëtz net zu Lëtzebuerg haten a well mir am Géigesaz zu eisen Nopeschlänner ni de politesche Courage haten eng universell Kompetenz anzeféieren, géife si och bei eis keng Gerechtegkeet fannen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.