Justiz

Revirement am Apellprozess: Fräisproch fir d'Journalisten an der Affär Lunghi/RTL

D'Cour d'appel huet déi zwee fréier RTL-Journaliste Marc Thoma a Sophie Schramm an zweeter Instanz fräigesprach. An éischter Instanz war si zu enger Geldstrof vu jee 1.000 Euro wéinst Diffamatioun a Calomnie verurteelt ginn.

auto_stories

2 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Doriwwer eraus ass et och beim Fräisproch fir den Ex-RTL-Direkter Alain Berwick bliwwen. 

D'Me Lydie Lorang, Affekotin vum Sophie Schramm, huet sech nom Urteelssproch erliichtert gewisen. 

"Mee mir hunn eis gefrot: Wie gëtt hir déi zéng Joer erëm, wou se injuriéiert ginn ass, wou se gemobbt ginn ass, wou de Geck mat hir gemaach ginn ass, wou se als inkompetent dohigestallt ginn ass, wou se huet missen d'Land verloossen, wou einfach nëmmen op se getrëppelt ginn ass?"

Schuedenersatz wier nëmmen eng finanziell Reparatioun gewiescht fir hir Mandantin, déi zéng Joer e Calvaire duerchgemaach hätt. Esou dierft et net sinn, ma endlech wier Recht gesprach ginn, huet d’Me Lydie Lorang fonnt.

Me Baulisch: Cour d'appel hätt sech net beaflosse gelooss

De Me Baulisch, Affekot vum Marc Thoma, hat sech dat Urteel iwwerdeems erwaart. 

"Et ass e groussen Dag net nëmme fir mäi Client mee fir d'Journalisten an d'Pressefräiheet an dësem Land. Datt et esouwäit muss kommen, dat ass en Aarmutszeugnis, deelweis vun der Justiz. An ech sinn awer frou, datt d'Cour d'appel hei d'Kéier kritt huet, well se sech hiert eegent Bild gemaach huet a sech net beaflosse gelooss huet vun engem Presserot, ALIA, Commissaire à la discipline."

De Me Jean Lutgen, Affekot vum Enrico Lunghi, an de Me André Lutgen, Affekot vum Alain Berwick, waren iwwerdeems gëschter net op d’Cour d’appel komm.

Am Appelprozess war et nach emol ëm d’medial Couverture, duerch RTL, vun engem Interview mam deemolege Mudam-Direkter gaangen. D’Sophie Schram hat deen am September 2016, also virun 9 Joer an 9 Méint, gemaach! An deem Interview hat den Enrico Lunghi ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl.

An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht. RTL krut dowéinst deemools och vum Presserot e Blâme.