D’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Patronat sollen en Donneschdeg zu Senneng decidéieren, wéi d’Energiemesuren 2027 virugefouert ginn. Esou Mesurë beim Präis kéinte sech awer negativ op d’Versuergungssécherheet an op d’Ofhängegkeet vu fossillen Energien auswierken, warnt de Simeon Hagspiel.
Problemer an der Versuergung net auszeschléissen
Wann d’Spritpräisser ënnerstëtzt ginn, da kéint dat nämlech dozou féieren, datt net op alternativ Technologië gewiesselt gëtt, esou den Energiekommissär.
"Wat dann awer gläichzäiteg och maache géif, datt déi Ofhängegkeet bestoe bleift an doduerch eigentlech de Krees sech schléisst an een Effekt erziilt gëtt, dee mir natierlech eigentlech esou net gären hätten."
Wat d’Versuergungssécherheet ugeet, wier beim Kerosin a beim Diesel ni auszeschléissen, datt et och hei am Land erëm zu Problemer kéint kommen.
"Ech denken, dat si reell Risiken, déi mir hunn, och an den nächste Wochen. An natierlech hänkt da vill och dovun of, wéi d’Consommatioun sech developpéiert."
Et missten deemno Efforte gemaach ginn, fir net onnéideg ze consomméieren, warnt den Energiekommissär.
Ënnerscheeder tëschent Mazout, Bensinn an Diesel
Gläichzäiteg behält Lëtzebuerg eng héich Attraktivitéit fir Tanktourismus, ënnersträicht de Simeon Hagspiel.
"De grondsätzlechen Zesummenhang, datt wat de Präisdelta méi grouss gëtt, datt méi consomméiert gëtt, an doduerch natierlech och déi Versuergungsweeër méi strapazéiert sinn, deen ass definitiv do."
Wat d’Fro vum Fortféieren 2027 vun de staatlechen Energiesubventiounen ugeet, esou kéint zum Beispill de Mazout anescht wéi Bensinn an Diesel behandelt ginn, erkläert den Energiekommissär Simeon Hagspiel.
"Well do aner Mechanismen, eng aner Logik spillt, well do natierlech den Tanktourismus kee relevanten Effekt huet."
Gläichzäiteg hätt de Mazout awer e ganz relevanten Impakt op d’Inflatioun. D’CSV-DP-Regierung wëllt jo d’Kafkraaft an d’Aarbechtsplazen erhalen, an d’Iwwerliewe vun den Entreprisen assuréieren.
Den Energiekommissär Simeon Hagspiel confirméiert, datt d’lescht Woch am Comité de suivi tripartite doriwwer geschwat gouf, Mesurë fir just dräi Méint ze decidéieren. Dat wier een Diskussiounspunkt gewiescht.