Wéinst Baisse vu Spritpräisser: Inflatiounstaux ass am Mee op 2,3 % zeréckgaangen
Am Abrëll louch den Inflatiounstaux nach bei 3,1Prozent, Enn Mee elo bei 2,3 Prozent. Wéi de STATEC matdeelt, huet déi Baisse domat ze dinn, datt d‘Spritpräisser am Mee gefall sinn. Virun allem den Heizungsmasutt, deen am Abrëll 23 Prozent méi deier gi war, ass am Mee rëm ëm 10,7 Prozent gefall.
(Foto: picture alliance / dpa | Horst Galuschka)
De Sprit ass awer nach ëmmer bal 30 Prozent méi deier wéi d‘lescht Joer ëm dës Zäit.
Och den Inflatiounstaux ass, op dat ganzt Joer gekuckt, staark an d‘Luucht gaangen, an zwar ëm iwwer 16 Prozent zënter Mee d‘lescht Joer. Wéinst der héijer Inflatioun ass jo op den 1. Juni eng Indextranche erfall. Vun dësem Mount u ginn d‘Salairen ëm 2,5 Prozent an d‘Luucht.