Fir d'Stabilitéit vum Land, de soziale Fridden an de Schutz vun demokrateschen Institutiounen: Domat huet de paraguayanesche President säi Récktrëtt erkläert.
Him gëtt awer ënner anerem vu Leit aus der eegener Partei virgehäit, an d'Onstëmmegkeete verwéckelt ze sinn.
Erspuernisser vu Millioune Leit a Gefor
Millioune Leit fäerten ëm hir Erspuernisser. Konte sinn agefruer a Rente blockéiert ginn. An der Haaptstad Asunción sinn an de leschten Deeg Dausende Leit op d‘Strooss gaangen.
Aus dem Bankeskandal ass eng politesch Kris ginn, well et bei de Kreditter, déi déi Bank ginn huet, Onreegelméissegkeeten a Korruptioun soll ginn hunn. D‘Zentralbank vum Paraguay huet déi betraffe Bank Ueno ënner Tutelle gestallt.