De Grand-Duc Guillaume wäert bei der Generaldebatt eng Ried halen. Dobäi soll hien d’Positiounen an d’Prioritéite vu Lëtzebuerg zu den internationale politeschen an ekonomeschen Erausfuerderunge presentéieren, huet den Ausseministère am Virfeld ugekënnegt.
Och bilateral Gespréicher a Receptioun geplangt
De Grand-Duc an de Xavier Bettel wäerten zu New York och bilateral Gespréicher féieren.
Nieft dem offizielle Programm bei der UNO ass och eng Receptioun vun der lëtzebuergescher UNO-Missioun geplangt. Dobäi sollen de Grand-Duc an de Xavier Bettel Membere vun der lëtzebuergescher Communautéit zu New York treffen.