Do soll hien dann nächsten Dënschdeg, am Kader vun der Generaldebatt d‘Positiounen an d‘Prioritéite vu Lëtzebuerg iwwert déi grouss international Enjeue presentéieren.
De Grand-Duc Guillaume gëtt begleet vum Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel a soll zu New York och den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres gesinn. Et sinn och eng Rei Entrevuë mat anere Staatscheffe geplangt.
Um Programm steet och eng Renconter mat der Lëtzebuerger Communautéit zu New York an eng Visitt vum Ground Zero, wou de Grand-Duc eng Gerbe fir d‘Affer vum 11. September néierleet.