Aarbechtswelt

Ze wéineg Personal: Gewerkschaft vun de Lëtzebuerger Fluglotse schléit Alarm

D‘Associatioun vun de Lëtzebuerger Fluchlotsen GLCCA schléit Alarm wat de Personalmangel ugeet. Schonn elo wieren um Tower um Findel ze wéineg Leit am Asaz, den absolutte Minimum wier erreecht heescht et an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Parallel géifen an de nächste Joren eng ganz Rei Leit an d‘Pensioun goen, en 1 zu 1 Ersatz géif hei net duergoen an engem Job, dee permanent Weiderbildung a Schoulung verlaangt.

Personalmanktem als Grond fir Verspéidungen

Dobäi kéim, datt d'Ausbildung vun engem Fluglotse bis zu véier Joer dauere kann, bis dee ka voll a ganz operativ sinn. 

Wann de Verkéier elo um Findel och nach zouhëlt misst dréngend agestallt ginn, schreift d‘Associatioun.

Anerwäerts wäert et fréieren oder spéider dozou féieren, datt den Trafic um Flughafe muss reduzéiert ginn. Laut der europäescher Agence fir d'Loftraumsécherheet, Eurocontrol, ass de Personalmanktem an 49 Prozent vun de Fäll d'Ursaach fir Verspéidungen dëse Summer.