Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Isaac Albéniz - Suite Española, Op. 47, Asturias - Juan Carlos Fernández-Nieto (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Zu Miersch ginn et Problemer mam Drénkwaasser

Potentiell Gefor

Zu Miersch ginn et Problemer mam Drénkwaasser

Am Drénkwaasser zu Miersch gouf eng Verknaschtung mat Bakterie festgestallt. Dat huet den technesche Service vun der Gemeng dem 100,7 de Moien op Nofro hi matgedeelt. D’Gemeng hat gëschter Owend an engem Schreiwes ee Problem mam Drénkwaasser gemellt. Wou d’Verknaschtung hier kënnt, ass nach net gekläert.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De Moment wier een amgaangen ze kucken, wou déi Pollutioun genee hierkënnt a firwat grad elo, erkläert de Buergermeeschter vu Miersch, Michel Malherbe. 

„Bon, et huet ganz vill gereent, mee et huet jo dat ganzt Joer ganz vill gereent. Firwat ass dat lo komm? Mir hu keng Anung. Et ass och kee Chantier méi amgaang. Et kann een net soen, datt eng Leitung, dat do Knascht dora gelaf ass. Bon, dat wësse mer net. D'Gemeng Miersch huet 50km2.“

Sensibel Verbraucher:inne goufen direkt kontaktéiert

Déi Ronn 10.000 concernéiert Awunner:innen aus der Gemeng Miersch wieren esou séier wéi méiglech informéiert ginn, seet de Responsabel vum technesche Service, André Kaluza. Ënnert anerem iwwer d’App vun der Gemeng an iwwer déi sozial Reseauen. Eng Lëscht mat sensibele Verbraucher:inne wier direkt iwwer Telefon kontaktéiert ginn.

Dozou gehéiere Crèchen, Altersheemer awer och zum Beispill Restaurante, oder do, wou Fleesch veraarbecht gëtt.

Virun allem vulnerabel Persoune kéinte bei Kontakt mat deene Bakterien déi am Drénkwaasser fonnt gi sinn Duerchfall oder Féiwer kréien, erkläert den André Kaluza. Gesond Mënsche wieren net direkt engem Risiko ausgesat.

Entwarnung fréistens e Mëttwoch

De Responsabel vum Service Technique schätzt datt et nach e puer Deeg dauert, bis d’Gemeng kann Entwarnung ginn. Bis een d‘Resultat vun enger Prouf huet, kann et zwee Deeg daueren.

D‘Warnung kéint dann och réischt opgehuewe ginn, wann d‘Waasserverwaltung den Accord gëtt.

„Dat heescht wann d’Waasser am beschte Fall vläicht schonn de Samschden an der Rei wier, oder de Méinden, mir sinn ëmmer zwee Deeg méi spéit, duerfir rechne mer, datt mer fréistens de Mëttwoch Entwarnung ginn. 

Bis dohinner gëllt weider d’Recommandatioun d‘Krunnewaasser zwou Minutte laang ze kachen ier et benotzt gëtt. Den Ament lafen och Mesurë fir d’Waasser mat Chlor ze desinfizéieren. D’Waasserverwaltung präziséiert an enger schrëftlecher Äntwert, datt esou bakteriologesch Non-Conformitéiten éischter seele sinn zu Lëtzebuerg.

Op déi lescht Jore gekuckt, koum dat héchstens ee Mol d’Joer vir. D’Waasserverwaltung betount, datt d’Drénkwaasser dat meescht kontrolléiert Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ass an eng exzellent Qualitéit huet.

Aktualitéit
National
Ëmwelt