Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Meteorologesche Summer zu Lëtzebuerg louch genau an der Moyenne

MeteoLux Bilan

Meteorologesche Summer zu Lëtzebuerg louch genau an der Moyenne

De Summer 2024 war weltwäit zwar dee wäermsten, dee jee gemooss gouf, mee zu Lëtzebuerg loungen d‘Wäerter, déi MeteoLux gemooss huet, éischter an der Moyenne.

auto_stories

2 min

Summer | © Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

Wien dëse Summer als extra kal oder extra verreent empfonnt huet, ass mat héijer Warscheinlechkeet vun de leschte Summere verwinnt ginn. D‘Zuele vum MeteoLux-Bilan vun de Méint Juni, Juli an August schwätzen eng däitlech Sprooch: De meteorologesche Summer war ee ganz normale Lëtzebuerger Summer, wéi den Adnan Ceman vu MeteoLux erkläert.

"Also ganz vill Wäerter déi mir dës Saison gemooss hunn, déi leie ganz oft ganz genau op dem Wäert, wéi zum Beispill eis Moyenne vun der Temperatur. Déi läit an dësem Summer bei 17,9 Grad, sou wéi et och an der 30-Jores-Moyenne ebe mat 17,9 Grad ass. Also quasi keen Ënnerscheed zu der Normalitéit."

Donnerwierder: Zwee markant Evenementer

Gereent huet et dëse Summer liicht manner wéi soss, nämlech mat 199 Liter 8 Prozent manner wéi am Schnëtt vun 1991 bis 2020. D‘Sonnestonne leie grad emol eng Unitéit ënnert der laangjäreger Moyenne.

Liicht iwwert der Moyenne loung d‘Zuel un Donnerwiederen, mat zwee méi markanten Evenementer.

"Dat war de 29. Juni, do war haaptsächlech de Südweste vum Land betraff, méi genau d‘Gemeng Déifferdeng. Do ware laut Radarmoossungen 30 bis 60 Liter de Meterkaree bannent kuerzer Zäit gefall. An deem nämmlechte Moment hate mir um Findel 26 Liter gemooss."

Keng tropesch Nuechten

Dobäi kënnt eng Situatioun de 24. August. Do ass et awer haaptsächlech ëm de Wand gaangen, esou den Adnan Ceman.

"Do hate mir vu Wandspëtzten ëm 90 bis 100 Kilometer an der Stonn deemools och gewarnt an um Findel sinn dann och deementspriechend 83,2 Kilometer an der Stonn gemooss ginn."

Insgesamt goufen et 16 Deeg mat Donnerwiederen an nëmme 4 Deeg mat Temperaturen iwwer 30 Grad, a keen Dag mat extremer Hëtzt. Och Tropennuechten, an deenen d‘Temperatur net ënner 20 Grad fällt, goufe keng gezielt.

Lauschterenplay_arrow