Radioen

On air

Notturno  |  Mario Castlnuovo-Tedesco - Concertino fir Harf a Kammerorchester, Op. 93 - Naoko Yoshino (Harf), Orchestre d'Auvergne, Roberto Forés Veses (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Zuel vun Dokteren an Zänndokteren, déi de PID benotzen, geet weider erop

Paiement immédiat direct

Zuel vun Dokteren an Zänndokteren, déi de PID benotzen, geet weider erop

Den Trend beim Paiement immédiat direct, de sougenannte PID, weist no uewen: Leschte Mount hu 491 Dokteren an Zänndokteren de System genotzt, esou d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Zkolra/Adobe Stock play_arrow
Foto: Zkolra/Adobe Stock

Dat sinn der ronn 100 méi wéi nach Mëtt August.

Beim PID musse Patient a Patientinne just nach déi eege Participatioun bezuelen. Am Ganze wiere leschte Mount ronn 80.000 Dokteschrechnungen esou ausgestallt ginn. Och dee Chiffer weist no uewen: Am Fréijoer waren et der nämlech just knapp 250.

D‘Dokteren hätte sech am Virfeld besuergt gewisen, datt de PID ee Méiopwand géif bedeiten, fir d‘Paiementer vun de Patiente mat de Remboursementer vun der CNS ze verbannen. Déi Suerg wier awer wéi et schéngt net berechtegt, esou nach d‘Ministesch: Verschidden Editeure géifen dat nämlech iwwer entspriechend Programmer automatesch regléieren. 

AMMD: Ufanks-Kritik nach ëmmer berechtegt

D’AMMD, d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, stoung dem Projet vun Ufank un éischter kritesch géigeniwwer, well beim Paiement immédiat direct eng Demarche feelt: Nämlech déi, datt dem Patient oder der Patientin hiren Accord dokumentéiert gëtt.

Fir de President vun der AMMD Alain Schmit bleift déi Kritik trotz dem Succès vum PID och elo nach berechtegt.

"Eis Kritik ass eben dohi gehend, dass hei de Patient net an der Demarche voll integréiert ass. An et gëtt gemaach, wéi wann hie säi Consentement géif ginn. An do si mir der Meenung, dass dat net duergeet an Zukunft, dass een do eng Schëpp muss noleeën."

Lauschterenplay_arrow

Et hätt och aner Avantagen, sou den Alain Schmit. Zum Beispill kéinten all méiglech digital Informatiounen, also Ordonnancen och oder Rapporten, dem Patient zougespillt ginn.