Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Einojuhani Rautavaara - Incantations, III. Animato - Christoph Sietzen (Perk.), Romanian National Symphony Orchestra, Cristian Mandeal (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Ass Covid mëttlerweil eng normal Gripp?

Gesondheet

Ass Covid mëttlerweil eng normal Gripp?

Et dierft een de Coronavirus net op déi liicht Schëller huelen. Dat betount den Dr. Xavier Bairin. Hie leet ee Reseau vu ronn 20 Generalisten, déi sech mat Otemwee-Erkrankunge beschäftegen.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

Illustratioun Gripp | © picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod

Bei de villen Erkältungen, déi den Ament am Ëmlaf sinn, handelt et sech virun allem ëm Rhinoviren. Dobäi komme 17 Prozent Covidinfektiounen. Dat heescht, all 5. Persoun, déi erkaalt ass, huet Covid. De Reseau Sentinelle, deen hie leet, test geziilt wéi eng Erkältungsviren am Ëmlaf sinn.

Dee Reseau war eng Reaktioun op d‘Pandemie. Mëttlerweil ass den Ëmgank mat Erkältungsviren nees zum normalen Alldag ginn. 

Ob Covid mëttlerweil och een normalen Erkältungvirus ass, kann een net soen. An de meeschte Fäll geet et gutt aus. An anere Fäll awer och rëm net. Et dierft een de Coronavirus jiddefalls net op déi liicht Schëller huelen, ënnersträicht de Xavier Bairin.

Hien erkläert iwwerdeems, datt wann et zu enger weiderer Pandemie kënnt, dee Virus sech warscheinlech iwwer d‘Loft verbreede wäert. Do ass d‘Influenza den "Haaptverdächtegen", deen zënter 20 Joer scho streng kontrolléiert gëtt.

Den Interview mam Xavier Bairin lauschterenplay_arrow