Episoden
D'Fondation Michelle
Een anonyme Mäzen ënnerstëtzt Lëtzebuerger Musekstalenter.
"[...] dat Bescht, wat ech virum "Feuervogel" geschriwwen hunn"
E Wierk vum Igor Stravinsky, dat laang verluer war, gouf déi éischte Kéier zanter iwwer 100 Joer nees opgefouert.
"Suzanne" a "Christmas Festival"
Vu Leonard Cohen bis Leroy Anderson – fir d’Feierdeeg, déi an d’Haus stinn, huet de Radio 100,7 ee flotte musikalesche Bouquet gebonnen.
Wéi conservéiert een eng historesch Uergel?
Eng Etude vum Arp-Schnitger-Institut zu Bremen huet sech mam Problem beschäftegt.
De Ludovico Einaudi
De wuel bekanntste Pianist a Komponist aus eiser Zäit kënnt an d'Philharmonie.
Vu Boulez bis Marriner
Interpreten, Komponisten an Dirigenten, déi 2016 gestuerwe sinn.
D'Weihnachtsoratorium zu Tréier
E Wierk, dat d'Leit all Joers op en neits an d'Concertssäll lackelt.
Den Tölzer Knabenchor
Zesumme mam OPL sti si fir e Chrëschtconcert an der Philharmonie op der Bühn.
D'Brass Band vum Escher Conservatoire
Den Ensemble huet mam Claude Schlim een neien Dirigent.
De Soundtrack vum Film « Rogue One »
Wéi klengt d’Musek vum éischte Star Wars Spinn-off ?
Wéi kënnt meng Musek an d'Gespréich?
D'Fédérations luxembourgeosies des auteurs et compositeurs (FLAC) huet eng Partnerschaft mat enger Internetplattform, déi Lien tëscht dem Créateur an dem Diffuseur soll maachen.
D'Barenboim-Said-Akademie
Zu Berlin ass eng nei Musekshéichschoul opgaangen.
Den Andrew Manze
Ee Gespréich mam briteschen Dirigent, deen als Chef invité beim OPL ass.
D'Musel an Nouten a Wierder
De Jos Groben huet eng Nikolaus-Hein-Anthologie publizéiert.