Sequenza
Upassung oder Protest?
No der schaarfer Kritik u senger Oper "Lady Macbeth vu Mzensk" huet den Dmitri Schostakowitsch sech musikalesch zréckgehalen, fir net nach méi an d'Viséier vun der offizieller sowjetescher Kulturpolitik ze geroden. Fir seng 5. Symphonie krut de Komponist vill Applaus, besonnesch wéinst dem triumphale Schluss vum Wierk. Mä, wollt de Schostakowitsch sech mat dëser Symphonie wierklech ubiederen, oder stécht se net awer voller Ironie an heemlechem Protest? D'Maria Gutierrez mat Hannergrënn.