Sequenza
Zwou skandinavesch Komponistinnen
8 min
Et huet bis 1891 gedauert, éier déi richteg Identitéit vun där schweedescher Komponistin Laura Netzel opgedeckt gouf. Bis dohinner hat d'Laura Netzel, Schülerin vum Charles-Marie Widor, mat ganz vill Succès quasi an der Anonymitéit geschafft.
Eng Grëtz anescht ass et der norwegescher Musekerin Mathilde Berendsen-Nathan ergaangen, déi zwar nom Bestietnis hir Karriär als Pianistin missen opginn, als Komponistin awer eng wichteg Roll gespillt huet, obschonns si ni Kompositioun studéiert hat.