arrow_back_ios
Sequenza
Michael Tippett: A Child of Our Time
De 7. November 1938 erschéisst de polnesche Judd Herschel Grynszpan zu Paräis deen däitschen Botschaftssekretär Ernst von Rath als Reaktioun op Deportatioun vu senger Famill. Fir d'Nazie war d'Attentat de wëllkommene Virwand fir d'Reichspogromnacht zwee Deeg méi spéit. De Michael Tippett huet d'Geschicht vum Herschel Grynszpan a sengem Oratorium vun 1944 "A Child of Our Time" thematiséiert - eent vun deene wichtegesten Oratorien aus dem 20. Joerhonnert.