arrow_back_ios
Sequenza
"Der Mann, der seine Frau mit einem Hut verwechselte"
E Sänger kënnt bei den Neurolog, well en ëmmer méi Schwieregkeeten huet, Gesiichter a Saachen richteg z'erkennen. Regelméisseg verwiesselt hien Objeten a Mënschen - esou gesäit de Sänger seng eege Fra als Hutt. Fir de Problem eenegermoossen an de Grëff ze kréien, huet hie sech eng Strategie ausgeduecht: hie verbënnt alles, wat e mécht, mat Musek. Dem Michael Nyman seng Kammeroper "Der Mann, der seine Frau mit einem Hut verwechselte" baséiert op engem reelle Fait.
Hannergrënn vum Maria Gutierrez.