arrow_back_ios
Sequenza
Claude Debussy: Images
Musek kann, anescht wéi d'Molerei, Andréck festhalen an ëmmer nees veränneren. Dat war dem Claude Debussy seng Perceptioun vum Komponéieren. Klangfaarwen, Rhythmen a Melodien iwwerhuelen hei d'Spill mam Liicht an der Beweegung. Net fir näischt huet dem Claude Debussy säi populären Zyklus aus dem Joer 1913 den Titel "Images". D'Maria Gutierrez féiert am Claude Debussy seng Welt vun de Klangfaarwen an.