Sequenza
"Dolcissimo sospiro"
De Madrigal ass eng musikalesch Geschicht, déi den Auditeur beréiere soll. Mat deem Usproch huet de Claudio Monteverdi am 16. Joerhonnert dësen neie Genre entwéckelt. Dem Monteverdi seng Meeschterschaft am Madrigal huet net nëmme vill Zäitgenossen inspiréiert. Si faszinéiert bis haut. Vill Komponisten aus dem 20. Joerhonnert gräifen dës Musek aus der Renaissance op a setzen si an hir Sprooch ëm. D'Maria Gutierrez erkläert dëse Phenomen.