arrow_back_ios
Sequenza
Mythos Orpheus
headphones
30 min
Lauschteren
play_arrow
"Orpheus Britannicus" - esou gouf schonn zu Liefzäiten den englesche Komponist Henry Purcell veréiert. De Purcell gouf mam griichesche Gëtter-Sänger Orpheus gläichgestallt, de Poet a Museker, dee fir d'Rettung vu senger Fra, dem Eurydike, bereet ass, bis erof an den Hades ze goen. Et ass eng Geschicht, déi en etlech Komponisten inspiréiert huet - vum Christoph Willibald Gluck bis bei de Jacques Offenbach. D'Maria Gutierrez mat Erklärungen.