arrow_back_ios
Sequenza
Szenen einer Ehe
D'Fra als Inspiratioun, als Fërderin, als Konkurrentin oder als onintresséierte Partner: Komponisten haten et méi oder manner schwéier an hirem Stot, wann et ëm d'Musek gaangen ass. De Robert Schumann huet et net gäre gesinn, wann seng Fra Clara als Pianistin Succès hat. Dem Joseph Haydn seng Fra hirersäits huet sech guer net fir d'Aarbecht vun hirem Mann interesséiert. D'Maria Gutierrez presentéiert e puer ganz ënnerschiddlech Koppelen aus der Museksgeschicht.