arrow_back_ios
Sequenza
E Mier voller Kläng an Emotiounen
"Peter Grimes" vum Benjamin Britten beschreift, wéi enk de Mënsch an d'Mier matenee verknëppt sinn. De Britten huet selwer beim Mier gelieft a war faszinéiert vun der Kraaft awer och der Poesie vum Waasser. Et ass eng Erfarung, déi hie mat ville Komponistekolleegen aus alle Joerhonnerten deelt. De Mënsch an d'Mier - dat ass Thema vun der Maria Gutierrez.