Sequenza
Sprong iwwer de Pull
Mat der Grënnung vun deenen éischte Conservatoiren entwéckelt sech an de Vereenegte Staaten lues a lues eng autochthon Musekszeen. Déi éischt Generatioun vu Komponisten orientéiert sech nach ganz staark un der europäescher Traditioun. Mat Leit wéi Copland, Barber, Gershwin a Bernstein fënnt déi amerikanesch Musek dann hiren eegenen Toun. D'Maria Gutierrez hëlt mat duerch zwee Joerhonnerten amerikanesch Museksgeschicht.