arrow_back_ios
Sequenza
Téin kucken
Téin kann een net nëmmen héieren, et kann een se och kucken - op d'mannst kann een se awer mat Faarwen associéieren: Dovunner waren eng ganz Rëtsch vu Komponisten iwwerzeegt, déi och hir Iddi wollten a Musek ëmsetzen. Den Alexander Skrjabin huet duerfir mat engem "Lichtklavier" operéiert, den Arnold Schönberg huet a senge Wierker seng Erfarungen aus der eegener Molerei abruecht. Wéi faarweg Musek ka sinn, erkläert d'Maria Gutierrez.