arrow_back_ios
Sequenza
Vu Bléien an Dären
D'Rous als Symbol vun der Léift a vum Fréijoer, d'Rous als reliéist Zeechen an als Thema vun Dichtung, Molerei a Musek: Et gëtt kaum eng Blumm, déi mat esou vill Metapheren a Verbindung bruecht gëtt a laanscht déi och d'Komponisten net komm sinn. Vum "Rosenkavalier" iwwer "Rosen aus dem Süden" bis bei "The Rose Garden" vun der Dobrinka Tabakova - d'Maria Gutierrez bënnt e musikalesche Bouquet mat der Kinnigin vun de Blummen.