Sequenza
"Der Hölle Rache ..."
Si muss ee sonner Zweiwel am meeschte fäerten: d'Königin der Nacht aus dem Mozart senger "Zauberflöte". Wann déi rose Mamm dem Sarastro aus déiwer Enttäuschung der Doud wënscht, da geet dat engem duerch Muerch a Schank. Virun allem wann et ëm Léift an der Oper geet, komme ganz schëtzeg Jalousie a Vengeance an d'Spill. Wéi Komponisten dat a Musek ëmgesat hunn, dat erkläert d'Maria Gutierrez.