Sequenza
Biller
29 min
"Bilder einer Ausstellung" vum Modest Mussorgsky si sonner Zweiwel déi bekanntst a populäerst Ëmsetzung vu Molerei an Tounsprooch, awer beileiwen net déi eenzeg. Wéi kann ee Faarwen a Klang erëmginn? Dës Fro huet Komponisten ëmmer erëm beschäftegt. Um Enn si se net all esou wäit gaange wéi den Alexander Skrjabin, deen all Toun mat enger spezifescher Faarf associéiert huet. Wéi d'Komponisten uechter d'Joerhonnerten dëse Sujet behandelt hunn, erkläert d'Maria Gutierrez.