Sequenza
Vum Bommenzinnes bis bei Milonga del Angel
30 min
D'Legend vum hellegen Nepomuk, dem Bommenzinnes, verzielt, datt de Keeser Wenzel säi Generalvikar an d'Moldau geheie gelooss huet, well deen e Beichtgeheimnis net verrode wollt. E Kranz vu fënnef Flame soll d'Läich ëmkreest hunn, an esou ass de Bommenzinnes als Hellege mat fënnef Stären an d'Ikonographie an och an d'Operegeschicht agaangen. Am Nicola Popora senger Oper sengt den Nepomuk am Duo mat engem Engel, Figuren déi besonnesch Komponisten am 20. Joerhonnert regelméisseg inspiréiert hunn.