arrow_back_ios
Sequenza
Tëschent de Grenzen
Däitsch oder franséisch? Beim Louis Théodore Gouvy war dat net just eng Fro iwwer säi musikalesche Stil. Beim Komponist war et och eng geo-politesch Fro. De Museker aus dem Grenzgebitt bei Saarbrécken huet nämlech wéinst dem däitsch-franséischen Antagonismus méi wéi eng Kéier d'Nationalitéit gewiesselt. Musikalesch stoung de Gouvy grad esou gutt mat deene bedeitenden däitsche Romantiker, wéi och mat hire franséischen Zäitgenossen a Kontakt.