Musek am Gespréich
Den Enseignement musical zu Lëtzebuerg
Kënnt deemnächst eng Solfègereform? Soll Lëtzebuerg e Museksstudium kréien? Wéi eng Roll kéinten d'Schoulen am Enseignement musical spillen?
Iwwer dës Froen diskutéieren den Direkter vum Conservatoire Marc Meyers, de Commissaire à l'Enseignement musical Pol Schmoetten an den Direkter vun der UGDA Paul Scholer. Doriwwer eraus geet et ëm d'Froen, ob zu Lëtzebuerg den Ament studéiert Museker gebraucht ginn, a wéi grouss den Undrang u Schüler ass.
Moderatioun Luc Boentges.