Musek am Gespréich
Mozart vum 19. Joerhonnert
60 min
Hie gouf de Mozart vum 19. Joerhonnert genannt - de Felix Mendelssohn Bartholdy. Schonn als Teenager huet hien als Pianist geglänzt, hat 12 Sträichersymphonië geschriwwen a mam Oktett säin éischt grousst Wierk, dat haut seng fest Plaz am Repertoire vun der Kammermusek huet.
De Mendelssohn war Dirigent am Gewandhaus zu Leipzig, huet déi éischt Opféierung vun der Matthäus-Passioun nom Bach sengem Doud dirigéiert. Säi grousst Wierk huet hie bannent engem kuerzen, awer intensive Liewen komponéiert. De Mendelssohn stierft de 4. November 1847 zu Leipzig. Hien hat 38 Joer.