Musek am Gespréich
D'Geiistin Ye-Eun Choi
0 min
D'Geiistin Ye-Eun Choi ka schonn op eng gutt gefëllte Carrière zeréckblécken. Si kënnt net aus enger Musekerfamill, mee Musek war ëmmer präsent. Nieft dem Piano entdeckt d'Ye-Eun Cho och fréi d'Gei, en Instrument, dat hir richteg un d'Häerz gewuess ass. Hir éischt Léierin a Südkorea ass vun hirem Talent beandrockt. Et dauert net laang, an d'Ye-Eun Choi reest mat 16 Joer op München, fir der Anne-Sophie Mutter virzespillen. Eng Initiativ, déi deem jonke Meedchen seng Carrière lancéiert. Mëttlerweil ass d'Geiistin bei alle groussen Orchesteren zu Gaascht. An der Philharmonie um Kierchbierg war si schonn zweemol - fir d'lescht am Dezember 2018 mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.