Musek am Gespréich
De Jean-Philippe Ruiz
De Jean-Philippe Ruiz këmmert sech schonn iwwer 20 Joer als Chargé de Direction beim CLAE ëm Migratiounsfroen an ëm d'Begleedung vun Immigranten. Hie selwer huet spuenesch Wuerzelen an 20 Joer laang am soziale Secteur a Frankräich geschafft, éier en op Lëtzebuerg koum. De Jean-Philippe Ruiz ass e ganz engagéierte Mënsch, deen och en déiwe Sënn Kultur a Musek huet. Hien presentéiert dem Manuel Ribeiro seng musikalesch Visittekaart.