Musek am Gespréich
E musikalesche Virreider
0 min
"Ma vie est un roman qui m'intéresse beaucoup" - u Selbstvertrauen huet et dem Hector Berlioz net gefeelt. Musikalesch hat de Komponist och all Ursaach, sengem Kënnen an Talent ze vertrauen. Et war op alle Fall déi richteg Decisioun, de Medezinstudium opzeginn a sech ganz der Musek ze widmen. Mat senge spektakuläre Wierker wéi dem monumentale "Requiem", der héichromantescher "Symphonie fantastique" an dem Drama "La Damnation de Faust" huet de Berlioz nei Jalone gesat. De Guy Engels kuckt zesummen mam Berlioz-Kenner Jean-Paul Bettendorff zeréck op de Komponist a Literat Hector Berlioz, dee virun 150 Joer gestuerwen ass.